Serve the City as eng Beweegung vun Fräiwëllegen. Mir sin dovun iwwerzeegt daat wann vill Mënschen ee klengen Bäitrag leeschten, si zesummen vill beweege kënnen.
Serve the City huet 2012 am Dezember zu Lëtzebuerg ugefaang a gehéiert zu der globaler Serve the City Famill, déi 2005 zu Bréissel gegrënnt gouf. Mir erméiglechen et Fräiwëllegen sech op einfach a praktesch Aart a Weis anzesetzen, souwuel duerch Sport, Musek, Konscht, gemeinsamt Iessen, Frëndschaften a villes méi. Esou verbanne mir op der enger Säit Mënschen, déi sech mat gudden Absichten a verschiddenen Talenter asëtze wëllen a schafen op der anerer Säit bedeitend Geleeënheeten dëst och ëmsetzen ze kënnen.
Fir bei eis matzemaachen, mell dech op eis englesch Internetsäit un, oder verfolleg eis op Facebook an op anere soziale Medien fir eis Nouvellë gewuer ze gin.